Bekannt fir hir Interpretatioune vu Wierker aus der ganzer Museksgeschicht, vergiessen d'King's Singers bei aller Seriositéit ni, datt ee bei Concerte souwuel als Sänger, wéi och am Publique laache kann. E Freideg (30.6.2017) kommen d'King's Singers am Kader vun hirer Europa-Tournée op St. Ingbert. Wat ass d'Geheimnis hannert hire Concerten? A wéi kann een eigentlech e King's Singer ginn? De Luc Boentges huet hannert d'Kulisse gekuckt.
arrow_back_ios