De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.
Globus
"Afrika muss sech selwer denken"
Aus enger verstäerkter urbaner Mëttelschicht sinn a bal all den afrikanesche Länner Beweegungen entstanen, déi sech fir eng Verännerung asetzen. D'Contestatiounsmouvementer setze sech fir méi Demokratie an. Si fonctionnéieren anescht wéi dat, wat et bis elo gouf a weisen trotz Ënnerscheeder an de verschiddene Länner, eng Partie Gemeinsamkeeten op. Parallel dozou hu sech Denker, Schrëftsteller an Akademiker zesummegesat, fir Afrika nei ze denken.
"Aucun futur n'est envisageable si les Africains ne pensent pas par eux-mêmes et pour eux-mêmes leur présent et leur devenir." Dat si Wierder vum senegalesesche Philosoph an Ekonomist Felwine Sarr a sengem Essai Afrotopia. De Felwine Sarr, deen Ekonomiesprofesser op der Universitéit Gaston Berger zu Saint Louis am Senegal ass, setzt sech fir eng Dekolonialiséierung vum Geescht an, dat heescht, hie setzt sech a fir d'Sprooch, d'Bildung an de Bléck op sech selwer ze dekolonialiséieren. De kongolesesch-belsche Rapper Baloji huet et esou gesot: "Reproduire les schémas coloniaux. Tout ceci ne sauvra pas le Congo."
D'Kyra Fischbach huet sech mat dësen neie Beweegungen an Afrika auserneegesat.
Rezent Emissiounen
-
Elfebeenhandel - ee bluddegt Geschäft
Wéi kann der illegaler Juegd op Elefanten an Nashörner en Enn gesat ginn?
-
Haiti - Presidentschaftswahlen an engem gescheiterte Staat
Nodeems se ëmmer nees no hanne verréckelt gouf, war den 20. November déi éischt Ronn vun de Presidentschaftswahlen op Haiti.
-
Ëmstridde Ressourcen: Konfliktrohstoff Holz
Déi international Holzindustrie fuerdert Korruptioun an d'Finanzéierung vu Kricher weltwäit.
-
Notre-Dame-des-Landes: Géint d'"Marchandisatioun" vun eiser Welt
Wat bedeit rural Entwécklung a wéi wëlle mir an Zäite vum Klimawandel zesummeliewen?
-
Ëmstridde Ressourcen: Uranium
D’Presenz vun Uranium am Buedem vum Kazakhstan a vum Niger zum Beispill hunn de franséische Grupp Areva ugezunn, wat net nëmmen positiv Aspekter huet.
-
Standing Rock
De Fiels dee steet - riicht an onbeweeglech: esou resistéieren d'Sioux Indianer am US amerikaneschen Norddakota engem Pipeline Projet.
-
Ëmstridde Ressourcen: Lithium - dat wäisst Gold
Ee vun de liichtste Metallen op der Äerd huet schwéier Konsequenzen: Déi grouss Nofro huet a Chile an Argentinien zu Protester gefouert.
-
COP22: De Präis vun der marokkanescher Energie-Transitioun
Marokko ass dee gréisste Produzent vun erneierbaren Energien an Nordafrika. Mee zu wéi engem Präis?
-
Ëmstridde Ressourcen: Pëtroll
Geografesch an themespezifesch Beispiller, bei deene Konflikter duerch Pëtroll- a Gazvirkommen favoriséiert oder ausgeléist goufen.
-
Ëmstridde Ressourcen: Pëtroll
Iergendwéi e verfluchte Räichtem fir déi Länner, déi d'Ressource hunn: dat schwaarzt Gold.
-
Medellín, eng Stad am Opbroch
Drogekarteller, Metro-Cable a Graffiti: wéi eng gutt geplangten Urbanisatioun déi kolumbianesch Groussstad Medellín méi sécher konnt maachen.
-
Ëmstridde Ressourcen: Pëtroll
Dat schwaarzt Gold ass iergendwéi e verfluchte Räichtum fir déi Länner, déi d'Ressource hunn.
-
Kongo
Wëllt de President Joseph Kabila d'Wahlen erauszéien?
-
Konfliktmineral Koltan
En deiere Spaass: Minnen, Rebellen, Kanneraarbecht, Vergewaltegungen an eis Telefonen.
-
Sakgaass zu Aleppo
Et konnt erëm keng Resolutioun am UNO Sécherheetsrot gestëmmt ginn. Iwwert déi politesch schwaarz-wäiss Molerei eraus ass d'Realitéit méi komplex.
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Déjà Vu - Led Zeppelin - Led Zeppelin
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen