Kultur
Lëtzebuerg offizielle Partner vum Éieregaaschtpavillon op der FBF
Et ass eng Nouvelle, op déi laang gewaart gouf:: Lëtzebuerg wäert am Hierscht 2017 op der Frankfurter Buchmesse vertruede sinn: als offizielle Partner am Pavillon vum Éieregaaschtland Frankräich. An dësem Pavillon, deen ënnert der Iwwerschrëft "Francfort en français" déi franséisch Sprooch iwwerall an der Welt weist, steet Lëtzebuerg mat der franséischsproocheger Schwäiz an dem franséischsproochegen Deel vun der Belsch op enger Héicht. Dës Nouvelle war vum Direkter vun der Frankfurter Buchmesse Jürgen Boos an dem Commissaire vu Francfort en français Paul de Sinéty schonn op der Livre Paris am Mäerz dëst Joer annoncéiert ginn. Dësen Dënschdeg huet de Kulturministère confirméiert, datt Lëtzebuerg mat Jean Portante a Lambert Schlechter, wéi och mat den digitale Ressourcë vum nationale Literaturarchiv, dem CNL an der Nationalbibliothéik, BNL, wäerten am Pavillon vum Gaaschtland Frankräich vertruede sinn.
D'Nathalie Bender huet sech beim Staatssekretär am Kulturministère, dem Guy Arendt informéiert.
Episoden
Claudine Muno mat "ROFF"
En neit Buch, wou sech Fakten a Fiktioun zu Péiteng begéinen.
Berlinale (3) Am Gespréich mat der Sophie Mousel
Déi Lëtzebuerger Schauspillerin ass dëst Joer direkt an zwee Filmer op der Berlinale ze gesinn: An "Der Kuss des Grashüpfers" an a "Reflet dans un diamant mort"

Filmkritik: "Rabia"
E franséischen Drama iwwer d'Radikaliséierung vu jonken Europäerinnen a Syrien. Extrait aus dem Grousse Kino

Uergelwei an der Ecole Sainte-Sophie
Eng nei Uergel gouf geweit

Lëtzebuerger Koproduktiounen op der Berlinale
De Bilan vun der éischter Hallschent vun der Berlinale

Um Radar - ënner der Woch
Wat fir Museks- a Kulturevenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.

Am Gespréich mam Brian Case vu FACS
D'Noise Band huet de Mëttwoch an de Rotondë gespillt.

Vältesdag an der klassescher Musek
Komponisten a Komponistinnen an d'Léift

Berlinale (1)
Een Abléck an den éischten Dag vum Filmfestival

Um Radar - de Weekend
D’Sté Bisenius verréit Iech, wat Dir de Weekend net verpasse sollt.

Endlech ... Vältesdag 2025 nees mat der Bridget Jones?
Flucht, drénkt, fëmmt: d'Bridget Jones elo och nach als Wittfra?

Kreativ an de Feierowend
Loscht, no engem laangen, ustrengenden Aarbechtsdag mat Hëllef vun der Musek de Kapp nees fräi ze kréien? An der Philharmonie gëtt et dofir "Your musical afterwork".

Rentrée littéraire (2) "Un perdant magnifique" vun der Florence Seyvos
Nom Frédéric Beigbeder sengem "Un homme seul" rezenséiert de Jeff Schinker ee weidere Roman vun der franséischer Rentrée littéraire, dee sech mat enger enigmatescher Pappefigur auserneesetzt.

Immersiv, explorativ, kontemplativ
De Georges Lentz huet Nei Musek fir Sträichquartett erausbruecht. Afloss op d'Kreatioun haten och Technik a The Noise String Quartet.

Eng gedeelte Geschicht häpperchersweis
De kënschtleresch experimentelle Projet “La Capsule”
“It is like going on a girls trip”
Déi zéng Musekerinne vun tenThing Brass spille fir déi alleréischte Kéier zu Lëtzebuerg am Artikuss zu Zolwer.

Op der Bün: "Leuchtfeuer" a "Sarah et Hugo"
"Leuchtfeuer" vun der Nancy Harris an enger Mise en scène vum Fabio Godinho a "Sarah & Hugo" vum Daniel Keene an enger Mise en scène vun der Véronique Fauconnet
Nika Schmitt an Ego/Egal
Bilan vun der Nika Schmitt hirer Kënschtlerinneresidenz zu New York

Filmkritik: "Riefenstahl"
En Documentaire iwwer d'Nazi-Vergaangenheet vun der däitscher Cineastin Leni Riefenstahl
