Concert Euroradio
Berlin Connections
Zënter 1920 gëtt et d'Händel-Festspiele zu Göttingen. De Festival war deemools den Initiateur vun enger Händel-Renaissance. Haut ass et eng vun deenen eelste Manifestatiounen, déi sech der Barockmusek consacréiert, ee Festival, dee permanent nei Iddien, nei Konzepter entwéckelt. Haut héiert Dir e Live-Matschnëtt vun der Editioun 2015 mat Musek vu Komponisten, déi fir de Preussekinnek a grousse Meloman Friedrich II. komponéiert hunn.
C.Ph.E. Bach (1714-1788): Symphonie Nr. 3 a fa majeur
Johann Joachim Quantz (1697-1773): Concerto fir 2 Flütten
J.S. Bach (1685-1750): Brandenburgesche Concerto Nr. 5 BWV 1050
G.F. Händel (1685-1759): Water Music HWV 348-350
Festivalorchester Göttingen
Direktioun: Laurence Cummings
Presentéiert vum Guy Engels.