Zanter 1975 gëtt et den Iechternacher Festival. Obwuel e sech well als fest Institutioun an der Lëtzebuerger Kulturlandschaft etabléiert huet, huet de Programm dëst Joer wéinst budgetäre Problemer misse gekierzt ginn. Trotzdeem gouf drop opgepasst net un der Qualitéit ze spueren, wéi et schonn den éischte Concert vum Festival (09.06.2017) mam Artist in Residence Daniel Hope beweist.
arrow_back_ios