Dat grousst Thema a praktesch allen Opere vum Richard Wagner ass d’Erléisung. An dëst geschitt bal ëmmer duerch eng Fra - esou och am "Tannhäuser". Dernieft gëtt an dëser Operen en anert grousst Thema vun der Mënschheet ugeschwat: de Konflikt tëscht Eros an Agape, tëscht profaner a reliéiser Léift. De Saarbrécker Staatstheater proposéiert en nächste Sonndeg um 17.00 Auer eng nei Produktioun vum Richard Wagner sengem "Tannhäuser".
arrow_back_ios