Grousse Kino

Martine Reuter Michel Delage Tom Dockal

Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéiere freides déi nei Filmer. Aviséiert Kritiken, cocasse Zesummenhäng an och déi eng oder aner Anekdot: alles ass dran.

Live vu Cannes, a wat zu Lëtzebuerg nach sou leeft

D'Maxi Pesch mellt sech live vu Cannes, wou et mat grousse Schrëtt a Richtung Präisverdeelung geet. En eendeitege Favorit fir d'Palme d'Or ass awer offenbar nach net auszemaachen. Zu Lëtzebuerg ass dem Jacques Doillon säi "Rodin", deen an der Haaptcompetitioun zu Cannes gewise gouf, och ugelaf. Ausserdem "Sami Blood" vun der Amanda Kernell, e Coup de Coeur vum 100,7. An "The Sense of an Ending" vum Ritesh Batra, eng Adaptatioun vum Kuerzroman mam selwechten Titel vum Julian Barnes, dee virun e puer Joer mam Man Booker Prize ausgezeechent gouf.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen