Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Manifestatioun vun UPR Watch zu Genève. Copyright Angie Gonzales 2017.

Krich géint Drogen op de Philippinnen

De Rodrigo Duterte huet sech virun allem wéinst sengem Krich géint Drogen international en Numm gemaach. En haarde Cours vis-à-vis vun der Kriminalitéit, ass dat mannst wat een iwwert seng Politik ka soen. Hie gräift radikal géint d'Drogekriminalitéit duerch an ëmgeet hei üblech gesetzlech Prozeduren a Geriichtsuerteeler. D'Kyra Fischbach iwwert déi aktuell Lag op de Philippinnen. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen