En Donneschdeg, den 18. Mee organiséiert d’Philharmonie am Kader vun der Serie iPhil (13 – 17 Joer) e Concert, bei deem d'Grenzen tëschent de Genre verschwannen: klassesch Musek gëtt mat Live-Electronics vermëscht. D’Location ass am “Gudde Wëllen”. Wat kann ee sech ënnert dësem Konzept virstellen? A wéi ass d’Iddie dozou entstanen? De Luc Boentges konnt an eng Prouf era lauschteren an huet bei den zwee Artisten Julian Maier-Hauff a Yasin Gündisch nogefrot.
arrow_back_ios