Vill Gedäisch gouf et gëschter (15.5.2017) ronderëm d’Musek fir den offiziellen Akt vum Nationalfeierdag an der Philharmonie. Den Ustouss koum vun engem oppene Bréif vun der FLAC – der Fédération luxembourgeoises des auteurs et compositeurs - , déi et als een Affront consideréiert, datt eng Start-up, déi sech mat kënschtlecher Intelligenz beschäftegt, computergeneréiert Musek fir d’Feierstonn soll liwweren. De radio 100,7 hat gëschter schonn iwwert déi Polemik geschwat. Antëscht gouf ee Kompromëss fonnt.
arrow_back_ios