Post vum Guy
Aus Hanoi
De Guy Helminger hänkt zu Hanoi am Vietnam an huet eis geschriwwen, datt Reesen, am Géigendeel vu Vakanz maachen, heiansdo ustrengend ka sinn. Virun allem wann ee mat Gefierer ënnerwee ass, an déi ee fräiwëlleg guer net wollt eraklammen. En hat nawell vill vir, virun allem wollt hie Kënschtler treffen an am Alldag vun de Vietnamese wullen, mä wéi et am Liewen esou geet, et kënnt och emol anescht, wéi geplangt. Mä dat Anescht ass et jo, wat de Schrëftsteller am Ausland sicht. Also alles an der Rei. Lauschtere mir dem Guy mol no.