Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

An engem Township an der Geigend vu Capetown. Copyright: Malou Zenner 2017.

Protester géint de südafrikanesche President Jacob Zuma

De Freideg (7.4.) ass et an Südafrika zu grousse Protester komm, souwuel zu Pretoria, wéi och zu Johannesbourg, zu Durban an zu Capetown sinn d'Leit op d'Strooss gaangen. Ursaach war d'Onzefriddenheet mam President Jacob Zuma, déi geklommen ass. De skandalträchtege südafrikanesche President ass an der Vergaangenheet ënner anerem wéinst Korruptioun an der Ëffentlechkeet gewiescht. Wirtschaftlech huet déi rezent Entloossung vum Finanzminister zu Abousse gefouert. D'Kyra Fischbach mat Hannergrënn.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen