De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.
Globus
Südsudan: eng vu Mënsche gemaachte Katastroph?
Am Südsudan gouf déi éischt Hongersnout weltwäit zanter 2011 ausgeruff. De Vereente Natiounen no brauchen 4,9 Millioune Mënschen am Südsudan, dat heescht, méi wéi en Drëttel vun der Bevëlkerung, dréngend Liewensmëttel, fir kënnen z'iwwerliewen. Hannert der Hongerkatastroph steet een zënter Joren undauernde Konflikt, virun deem Millioune Leit op der Flucht sinn. D'Diana Reiners beschäftegt sech mat den Hannergrënn.
Rezent Emissiounen
-
Ëmstridde Ressourcen: Gold
Den Ofbau vu Gold huet net just ëmwelt- a gesondheetsschiedlech Effekter, mee féiert zu Kricher, soziale Spannungen an illegaler Ausbeutung.
-
Referendum a Kolumbien
Mam Referendum iwwert d’Friddensverhandlungen tëscht der Regierung an der FARC gouf Geschicht geschriwwen.
-
Ëmstridde Ressourcen: Waasser
Ëmstridde Quell vum Liewen
-
Nordkorea: Atomkraaft, Identitéit a Sanktiounen
Nordkorea huet dëse September mat sengem fënneften Atomtest och erëm eng diplomatesch Bomm explodéiere gelooss. Méi streng Sanktioune géint Nordkorea ginn envisagéiert. Mee sinn dës Sanktiounen iwwerhaapt efficace, a wat bedeit den Nuklearprogramm fir den nordkoreanesche Regime?
-
Ëmstridde Ressourcen: Waasser
Waasser gëtt méi rar an enger Welt, wou d'Bevëlkerung wiisst, d’Ressource ongläich verdeelt ass, iwwerbenotzt a verschmotzt gëtt.
-
Accord de Partenariat Economique
D'EU-Kommissioun verhandelt säit Joren mat den afrikaneschen Länner déi sougenannten APE - Accord de Partenariat Economique.
-
Ëmstridde Ressourcen: Bluttdiamanten
Vun de Biergerkricher an Afrika zum Kimberley Prozess: Wéi ee westleche Luxusprodukt zu Konflikter an Onstabilitéit an Entwécklungslänner féiert.
-
Muecht a Politik am Usbekistan
"Le Roi est mort, vive le Roi". Den autoritäre Regierungstil vum Islam Karimov huet gutt Chancen, den Doud vum President z'iwwerliewen.
-
Afghanistan, Plattform vun Instabilitéit
Obwuel den Afghanistan u Medienattentioun verluer huet, bedeit dat net, datt d'Situatioun sech stabiliséiert huet. Ganz am Géigendeel.
-
Afghanistan
D'Mënschen, déi am Afghanistan liewen, kennen zënter Joerzéngte kee Fridden. E Bléck op e vergiessene Konflikt.
-
Mexiko a seng dissident Stëmmen
Virun 2 Joer sinn 43 Studenten entfouert ginn. Virun e puer Deeg hunn international Experten d'Resultater vun hirer Enquête virgestallt.
-
D'kurdesch Fro - méi aktuel wéi je
D'kurdesch Fro ass nees um Dësch - ouni wierklech um Dësch vun de Verhandlungen ze sinn.
-
Friddensofkommes a Kolumbien
Den 23. Mäerz soll zu Havana, Kuba e Friddensofkommes ënnerschriwwe ginn tëscht der kolumbianescher Regierung an de FARC Rebellen.
Programm
-
Moies-Magazin
-
On air
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Déjà Vu - Led Zeppelin - Led Zeppelin
-
Resonanzen
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen