Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Südsudan: eng vu Mënsche gemaachte Katastroph?

Am Südsudan gouf déi éischt Hongersnout weltwäit zanter 2011 ausgeruff. De Vereente Natiounen no brauchen 4,9 Millioune Mënschen am Südsudan, dat heescht, méi wéi en Drëttel vun der Bevëlkerung, dréngend Liewensmëttel, fir kënnen z'iwwerliewen. Hannert der Hongerkatastroph steet een zënter Joren undauernde Konflikt, virun deem Millioune Leit op der Flucht sinn. D'Diana Reiners beschäftegt sech mat den Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen