Post vum Guy
No der Rees ass virun der Rees
De Guy Helminger schreift nawell gär. Schonn ier hie seng Rees an de Vietnam an de Myanmar untrëtt, hu mer Post vun em kritt. Wat dreift e Schrëftsteller esou, ier en am Fliger sëtzt a virun allem wat dreift en ëmmer erëm fir Wochen a friem Länner? De Guy Helminger war scho Stadschreiwer an Indien zu Hyderabad, en huet aus dem Iran gebloggt an aus dem Jemen, en ass duerch de Mali den Niger erop op Timbuktu gejabelt, ass regelméisseg an Irland unzetreffen an 2015 souz en zu Johannesburg an huet en Internettagebuch gefouert. Dat sinn nëmmen e puer Statioune vu sengem Gerenns. Elo also erëm Asien, agelueden op e Festival, wou Kënschtler aus aller Welt sech iwwert en eescht Thema ënnerhalen: Diktatur a wéi et dono weidergeet.