Den 23. Mäerz kënnt en Orchester an d'Philharmonie, dee sech all Joers nei zesummesetzt: de Gustav-Mahler-Jugendorchester. E besteet aus jonke Museker am Alter tëschent 16 a 26 Joer, déi aus ganz Europa kommen. Si notzen hir Vakanz dofir, ee Mount laang mam Orchester op Tournée ze goen. De Luc Boentges huet sech iwwert dësen Orchester informéiert a mam Solo-Cellist Oliver Erlich geschwat.
arrow_back_ios