Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

eng kurdesch Manifestatioun a Südkurdistan. Foto: Kerem Schamberger.

Déi kurdesch Resistenzen

Mir kennen all d'Biller vu schéine Fraen a militärescher Uniform, eng Waff am Grapp: kurdesch Fräiheetskämpferinnen. Ma dëst ass just e vereinfacht a romantiséiert Bild vun enger komplexer a schwiereger Situatioun am Kurdistan, eng Géigend, déi op véier Länner opgedeelt a vu kontradiktoreschen Interessie gekennzeechent ass. D'Nathalie Oberweis kuckt op déi kurdesch Resistenzen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen