Concert Euroradio
Georg Friedrich Händel: Partenope
"Partenope" ass déi zweet Oper, fir déi vum Händel an Heidegger gegrënnten Opernakademie. Grondlag ass d’Geschicht vun der Siren Partenope, déi mythesch Grënnerin vun der antiker Stad Partenopolis an der Magna Graecia, déi spéider zu Neapolis, dat haitegt Neapel gëtt.
Dir héiert e Live-Matschnëtt vum Oktober 2014 aus dem War Memorial Opera House zu San Francisco.
Interpreten: Danielle de Niese, Daniela Mack, David Daniels, Alek Shrader, Anthony Roth Costanzo a Philippe Sly. San Francisco Opera Chorus and Orchestra. Direktioun: Julian Wachner.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.