Si heesche Mi bémol-Klarinett, Alt-Klarinett, Kontrabass-Klarinett, Si bémol-Klarinett ... Mat all dësen Instrumenter kann een e Klarinettenorchester, dee vu ganz déiwe Basskläng bis zu héijen Noute reecht, zesummesetzen. Esou en Orchester nennt sech e Klarinettechouer. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt esou en exzellenten Ensembel, mat Studenten an Enseignanten aus dem Stater Conservatoire. Den nächste Sonndeg (12.3.2017) spillt de Klarinettechouer ënnert dem Motto "Clarinetics" am Stater Conservatoire. De Manuel Ribeiro huet sech mam Professer fir Klarinett am Stater Conservatoire, dem Marcel Lallemang, ënnerhalen.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Clarinetics
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
