Iwwermuer Samschdeg (11.3.2017) ass deen nächste Concert am Kader vum Klenge Maarnecher Festival 2017. Den Ensemble vocal du Luxembourg séngt an der Porkierch zu Ëlwen Sakralmusek aus dem franséischen Repertoire – virop aus dem 19. an 20. Jorhonnert: Saint-Saëns, Franck, Poulenc, Duruflé.
arrow_back_ios