Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Ecuador: den Enn vun der Biergerrevolutioun?

Den 19. Februar sinn och d’Ecuadorianer wiele gaange fir dem Sozialist Rafael Correa säin Nofolger ze designéieren. Zwee ganz verschidde Politiker wäerten sech am Abrëll bei engem zweeten Tour géigeniwwer stoen: de Lenin Moreno as den Ierf vum Correa a representéiert eng gewësse politesch Kontinuitéit. De liberalen a fréiere Banker Guilerrmo Lasso géif sengersäits no 10 Joer Biergerrevolutioun e grousse Changement fir den Ecuador an e weidere Rutsch no riets fir de Latäinamerikanesche Kontinent bedeiten.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen