Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Copyright Yves 2015.

Ethiopien

Dat afrikanescht Land ass zënter Oktober am Ausnamezoustand. Onzefriddenheeten an der Bevëlkerung hunn d'Regierung no Protestaktiounen zu dësem Mëttel gräife gelooss.
Ethiopie gehéiert souzesoen zu den afrikaneschen Aushängeschëlder: mat engem konsequente Wuesstem vun 10 % pro Joer iwwert déi lescht Joren huet d'Land sech wirtschaftlech immens weiderentwéckelt. D'Situatioun vum Land ass awer net nëmme roseg. 2015 huet d'Partei, déi schonn zënter 26 Joer un der Muecht ass, all Deputéierte-Sëtz gewonnen, an dat ass, sou d'ONG Human Rights Watch, och dorobber zréckzeféieren, datt kritesch Stëmme ganz kleng gehale ginn. De Fait, datt zënter Oktober den Ausnamezoustand ausgeruff gouf, verschlëmmert d'Lag vun de Mënscherechter am Land zousätzlech. D'Kyra Fischbach mat Hannergrënn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen