Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Jean-Michel Collignon

D'Foireshalen um Kierchbierg hunn ekonomesch schwiereg Joren hannert sech. Wei geet et viru mat der LuxExpo? Doriwwer geet Rieds mam Direkter Jean-Michel Collignon. Duerch d'Gespréich féiert de Rick Mertens.

Rezent Emissiounen

  • Franz Fayot

    E puer Stonnen no senger Wahl erklärt de neien LSAP-President wéi hien d'Partei aus der Kris féiere wëll. 

  • Laurent Mertz

    Am Virfeld vun de Sozialwahlen: e Gespréich mam Generalsekretär vun der Aleba iwwer d'Importenz vun de Sozialwahlen fir d'Bankegewerkschaft an d'Defie vum Secteur.

  • Lex Delles (DP)

    Mir schwätze mam neie Mëttelstands- an Tourismusminister.

  • Paul Junck

    E Gespréich iwwer IRMen, e méigleche Manktem un Dokteren an aner Themen - mam President vun der Fédération des Hôpitaux luxembourgeois (FHL). Hien äntwert op Froe vum Maurice Molitor.

  • Marc Angel (LSAP) & Laurent Mosar (CSV)

    Exit vum Brexit? Wat sinn d'Konsequenze vum Vott am britesche Parlament? Eng Aschätzung vun den Deputéiert aus der Chamberkommissioun Aussepolitik.

  • Patrick Dury

    Am Mäerz si Sozialwahlen an de Betriber a fir d'Salariatskammer. Firwat soll een den LCGB wielen, froe mir de Gewerkschaftspresident.

  • Armand Drews

    Mam President vun der Federatioun vun de Kooperatiouns-ONG'en geet Rieds iwwert d'Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik.

  • Enrica Pianaro

    Mat der Soziologin vum CIGALE geet rieds iwwert de Regierungsprogramm.

  • Dan Kersch

    Am Gespréich mam neien Aarbechts- a Sportminister iwwer d'Akzenter, déi hien a béide Ressorte setze wëllt.

  • Taina Bofferding

    E Gespréich mat der neier Inneministesch, déi an der Regierung och fir Gläichheet tëschent Fraen a Männer zoustänneg ass.

  • André Roeltgen

    Mir froen de President vum OGBL, wat seng Gewerkschaft bei de Sozialwahlen wëllt erreechen.

  • Cassie Adelaïde

    D'Asbl Passerell kritiséiert d'Immigratiounspolitik wéinst genitalen Ënnersichunge vu jonke Flüchtlingen a Retoure vu Flüchtlingen an Italien.

  • Claude Meisch

    Mir froen den Educatiounsminister, wat muss geschéie fir datt eise Schoulsystem méi gerecht gëtt? 

  • Christian Jung

    Zanter dräi Méint gëtt d'Coque um Kierchbierg vun engem ausgebilten Ekonomist geleet. Ännert sech doduerch eppes un der Ausriichtung vum nationale Sport- a Kulturzenter? 

  • Pascal Ricquier

    Kommissariater, Schichten a Carrièren: mam President vun der Policegewerkschaft SNPGL geet rieds iwwer konfliktuell Dossiere bei der Police.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen