Jan Lisiecki, Szymon Nehring an elo Lukasz Krupinski - Polen huet eng ganz Rëtsch talentéiert jonk Pianisten, déi sech an der internationaler Musekszeen positionéieren kënnen. Während de Jan Lisiecki an neierdéngs de Szymon Nehring hei schonn e Schrack weider sinn, steet de Lukasz Krupinski um Sprong fir eng interessant Carrière. De Guy Engels huet mam jonke Museker vu Warschau iwwert säi Parcours an de Frédéric Chopin geschwat.
arrow_back_ios