Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Afrika: dem informelle Sektor de Krich erkläert?

Hunn d'afrikanesch Regierungen dem informelle Secteur de Krich erkläert? Ass den informelle Secteur de Problem vun afrikanesche Länner? Geet et drëms, d'Mënschen, déi do schaffen, ze protegéieren, geet et drëms, d'Legalitéit z'imposéieren oder sinn déi grouss Raumaktioune vun informelle Butteker a Wunnraim eng Fro vu Kontroll, Muechtausübung an Drock vu grousse Gruppen hannendrun? D'Nathalie Oberweis huet recherchéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen