Den Eurosonic geet vum 11. bis den 13. Januar 2017 an där klenger, hollännescher Stad Groningen iwwer d'Bühn.
Als Member vun der European Broeadcasting Union designéiert de radio 100,7 all Joer ee Museker oder eng Grupp vu Lëtzebuerg, déi um Eurosonic kann optrieden.
De Jay Schiltz am Gespréich mam Yves Stephany iwwert den Eurosonic Festival. Wat ass den Eurosonic fir eng Manifestatioun, u wien adresséiert se sech. Dat lescht Joer sinn do eng 345 Artisten opgetrueden. Wéi mécht een do säi Choix?