D’Adventszäit ass d’Héichkonjunktur vum Bach sengem Weihnachtsoratorium. Zu Liefzäiten vum Komponist war dat ondenkbar. Do war et een No Go, an der Meditatiounszäit virun de Chrëschtdeeg mat esou faarwegen a schéin verzierte Kläng d’Rou ze stéieren. Haut gehéiert de Weihnachtsoratorium net nëmmen an der Bach-Stad Leipzig zur Traditioun, mee och zu Lëtzebuerg.
arrow_back_ios