D'Gemeng Esch wëll sech ee lokalen Integratiounsplang ginn an huet dowéinst de Samschdeg (12.11.) sougenannt "Integratiouns-Assisen" organiséiert. Am Kader vun Ateliere konnten Bierger d'Schwéierpunkte vun der Integratiounspolitik kommentéieren an amendéieren, esou den LSAP-Schäffen Dan Codello. Elo géif de Plang fäerdeg ausgeschafft ginn an dann op den Instanzewee goen. Et hätte sech bei den Assisë véier Haaptthemen erausgeschielt, erkläert den Dan Codello: D'Sproochebarrièren, d'Veräinsliewen, d'Participatioun vun Net-Lëtzebuerger bei de Gemengewahlen an d'Kommunikatioun mat de Bierger.
De Gilles Wunsch informéiert.