arrow_back_ios
Concert Euroradio
W.A. Mozart: Mitridate - Oper an 3 Akten
"Midritate, Re di Ponto" vum Mozart, ass op dem Libretto vum Vittorio Amadeo Cigna-Santi opgebaut, dee selwer vun enger italienescher Iwwersetzung vum Jean Racine sengem Mithridate hierkënnt. Dem Mozart seng Oper ass de 26. Dezember 1770 am Teatro Regio Ducal zu Mailand uropgefouert ginn. An et war e groussen Erfolleg, och wann de Mozart eréischt 14 Joer al war. D'Oper gouf hei 21 mol opgefouert.
De Manuel Ribeiro presentéiert e Live-Matschnëtt vum 10. Mee 2016 aus dem Operenhaus La Monnaie zu Bréissel, opgeholl vum belsche Radio.