"Eng gutt Iddi, déi mat Verstand ëmgesat gëtt", äntwert den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch op Kritik vun der Piratepartei un der geplangter Testphas fir d'Nuetszich. De Projet géif annerhallef Milliounen Euro kaschten an et wier wichteg, als éischt ze testen, ob d'Leit d'Nuetszich och wierklech benotzen. Iwwerdeems géifen zousätzlech de Budget fir den City Night Bis a fir Nuechtbusse vum TICE erop gesat ginn.
D'Piratepartei hat begréisst, datt vum Dezember dës Joer un op de Weekenden eng Rei Nuetszich zu Lëtzebuerg géife fueren. Mee dës gutt Iddi, wier schlecht ëmgesat. Dëst well "aus kommerzielle Grënn" nëmmen d'Linnen 10 (Lëtzebuerg - Miersch - Ettelbréck - Dikrech - Wolz - Ëlwen) a 60 (Lëtzebuerg - Esch/Uelzecht - Péiteng - Rodange) ugefuer géife ginn, an net all d'Arrête vun deenen zwou Linne kéinte genotzt ginn.