Ouerespëtzer

Philippe Hansen

D'Kanneremissioun mam Philippe Hansen.

Zwee nei Bicher an en Disk!

"Sang mat eis zwee!" Sou ass e flott neit Kannerlidderbuch iwwerschriwwen. D'Texter an d'Melodie komme vum Jeanny Hilger-Conrath a Lily Moro. D'Eva Jiménez Ceballos huet d'Buch illustréiert an de Gesank op der Scheif assuréieren d'Lampertsbierger Heemelsdéiercher an d'Bouneweger Nuechtigailercher. Dat flott Lidderbuch mat CD fir déi Kleng aus dem Precoce an aus der Spillschoul ass gefëllt mat zwanzeg Lidder, fir ze liesen, ze lauschteren, matzesangen an nozespillen. Detailer iwwer dëse Projet huet d’Laurence Hilger aus dem "Bicherhaischen" vu Senneng, dat beim Philippe Hansen op Besuch ass. Den Agenda ass gutt gefëllt an et gëtt en neit Buch aus der Serie "Déi Kleng Prinzessin" vum Tony Ross ze gewannen. Haut ass et hir schlecht!

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen