Concert Euroradio
Guiseppe Verdi: I due Foscari
No den béide Choueroperen "Nabucco" an "I Lombardi", plangt den Guiseppe Verdi eng manner opwenneg Oper fir säin Debut am Teatro "La Fenice" zu Venedeg. Als éischt duecht hien, dem Byron säin "The Bride of Abydos" ze vertounen, mee entscheet sech du fir dem Byron säin "The Two Foscari". Den Teatro La Fenice war zwar wéineg vum Sujet enchantéiert, mee de Verdi gëtt de Sujet net esou séier op. An no e puer weider Projete kënnt hien op "I due Foscari" zréck mam Librettist Francesco Piave.
De Manuel Ribeiro proposéiert e Live-Matschnëtt vun dëser Oper vum 30. Abrëll 2015 aus dem Gran Teatro del Liceu vu Barcelona.