Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Nei Opfangstruktur fir Demandeurs de protection int. zu Suessem

Virgëschter gouf um Gebitt vun der Gemeng Suessem eng nei "Structure d'accueil" fir Demandeurs de protection internationale opgemaach. Et sinn zwee Gebaier, déi a Modularbauweis opgeriicht goufen, an elo vum OLAI, dem "Office luxembourgeois de d'accueil et de l'intégration" geréiert ginn. De Suessemer Buergermeeschter Georges Engel erkläert d'Hannergrënn, an de Fonctionnement vun dëser Struktur, an där 66 Jonggeselle wäerten ënnerbruecht ginn.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen