Metal Meltdown
Gojira & Dark Funeral
Eischte Metal Album vun der Woch: Gojira - Magma (9/10)
Déi franséisch progressiv Metal Band Gojira zielt an der Tëscht zu deene ganz Groussen an deem Genre an huet mat hiren eenzegaartege Wierker ëmmer nees aner Museker beaflosst. Nodeems si well 3 Singlë vum neien Album Magma verëffentlecht huet, déi e gudde Krack manner progressiv waren, wéi dat, wat ee bis ewell vun hinne gewinnt war, froe sech d'Fans, wéi dann de Rescht vun deem neien Album ausgesäit.
Den Album kënnt am Fong eriwwer, wéi deen nächste logesche Schrëtt fir d’Band. Virun allem doran, datt Gojira alt nees mat den Erwaardunge vun den Nolauschterer spillen. Esouwuel wat d’Gesmtkonzept vum Album, wéi och d’Progressivitéit vun deenen eenzelne Lidder ugeet. Sou fänkt den Album z.B. mat der neister Single "The Shooting Star" un, een éischter meditatiivt, luest Stéck, wat sech nëmme lues weider entwéckelt, an awer räich un Intensitéit ass. Dem Joe seng clean Vocals kléngen dobäi scho bal onheemlech an d'Instrumentaliséierung beweist, datt Gojira trotz Vereinfachung vun de Lidder, wéi een se an de virëschte Single gemierkt huet, awer nach net sou simplistesch gi sinn, wéi verschiddener dat gefaart haten. An awer weist "The Shooting Star", datt d’Richtung, déi Gojira op dësem Album aschloen, eng aner ass, wéi déi, déi ee vun hinne gewinnt ass.
Trotzdem kënnt dann direkt eng vun de Singlen, déi mer well kennen. Silvera zerstéiert mat senge massive Riffer all Erwaardungen, déi ee mam éischten Track opgebaut huet. Silvera ass net extra progressiv, huet duerch de Mix vun de gäile Riffer an dem Joe senge Screams awer genee esou vill un Intensitéit, wéi dat, wat ee bis elo vu Gojira gewinnt war.
Den Titeltrack, dee gläichzäiteg dat längste Stéck um Album ass, ass och deen Titel mat de meeschten Effekter. D’Haaptgittar wullt sech lues a lues duerch eng Hellewull u Pinch Harmonics, ier d’Gittaren an engem epesche Chorus hiren Héichpunkt fannen, an de Joe alt nees senger nees nei gewonnener Leidenschaft fir clean Vocals nokënnt. Nees e grandios monstruéisen Track.
"Liberation", de leschten Titel vum Album, schléisst dësen an enger och éischter ongewinnter Manéier of. Et ass nämlech en akustescht an instrumentaalt Stéck mat tribal Percussioun; e Stéck, wat dem Nolauschterer nees e Stéck Fridden erëmgëtt.
Och wann den Album liicht méi simplistesch ginn ass, sou woen ech ze behaapten, datt Magma mat ee vun de beschte Albumen ass, dee Gojira je geschriwwen hunn. De Joe ass a senger Roll als Sänger nach méi geräift an zesumme mat sengem Co-Gittarist Christian huet hien alt nees e puer vun de massiivsten a gläichzäiteg memorabelste Riffer geschriwwen, déi d’Metal Welt jee gesinn huet. Dem Mario seng Aart a Weis seng Drums ze spillen ass och nach eemol sou intensiv a present, wéi d’aner Kéier an och dem Jean-Michel säi Bass héiert ee ganz genee am Mix eraus; an et stellt ee fest, datt och hien e wesentlechen Deel dozou bäidréit, datt d’Lidder interessant sinn. Och op Magma erkennt een net nëmmen um Riff selwer, mä och duerch divers Effeker a Spillereien, datt et sech bei de Songwriter nach ëmmer ëm Gojira handelt. Gojira, déi nees hirer Leidenschaft an Emotioune ganz gekonnt fräie Laf loossen an een domat richteg paken.
Zweeten Metal Album vun der Woch: Dark Funeral - Where Shadows Forever Reign (8/10)
Black Metal ass jo ëmmer sou eng Saach.. Fir déi eng, déi menge si wieren extra trve, muss Black Metal kléngen, wéi wann d’Musek aus enger bleche Bécks kéim, et däerfe quasi nëmmen oppen Akkorde gespillt ginn an et soll ee wa méiglech sou mann wéi méiglech eraushéieren. Déi wäerte mam neisten Album vun Dark Funeral och net frou ginn. Fir déi aner ass et awer net sou schlëmm, wann d’Produktioun bësse méi professionell ass an een awer nach eraushéiert, wat dann do gespillt gëtt. Déi Black Metal Fans wäerte "Where Shadows Forever Reign" erop an erof lauschteren. Dark Funeral kléngen trotz der net grad sou ruppeger Produktioun ëmmer nach old school, klassesch a straight forward.
Vun der Produktioun lo mol ofgesinn - Op hirem neisten Album verstinn Dark Funeral et alt nees ganz gutt, mat hirer Intensitéit an de rauen Emotiounen hir Nolauschterer ze paken, z.B. duerch déi oppen Akkorden an déi düster awer schéi Melodien. An dat ass et, wourop et, menger Meenung no, bei guddem Black Metal ukënnt. D’Atmosphär an d’Intensitéit. An do maachen Dark Funeral näischt falsch.
Och un Ofwiesslung feelt et um neien Dark Funeral Album net. Nodeems den Opener Unchain My Soul, dee mat enger immortalesquen Gittar-Drum Kombo dohir kënnt, geet et duerno plazeweis mat méi mid-tempo Stécker virun, déi éischter un Dissection erënneren, an an deenen den neie Sänger Heljarmadr och seng Stëmm upasst an amplaz vun de Screams éischter düster krächzt.
Melodesch ass de ganzen Abum souwéisou, ma nieft dem brutale rauen typeschen old school black Metal, fënnt een op "Where Shadows Forever Reign" och mol méi atmosphäresch Momenter. An och hei bidden dem Heljarmadr seng Vocals de perfekte Kontrast zum brutalen Opener.
Alles an allem kann ee soen, datt den neien Dark Funeral Album en zollitten old school Black Metal Album ass. D’Schweden erfannen d’Black Metal Rad zwar net nei, mä liwweren e qualitativ héichwäertegen Album, deen un déi glorräich 90er erënnert, awer, wéi gesot, näischt fir trve cvlt Unhänger ass.
Agenda
Fête de la musique @ Diddeleng
Turbonegro @ Kufa, Esch
Amon Amarth @ Rockhal, Esch-Belval
Metal Sickness @ Rock Solid, Stad
Slayer @ Atelier, Stad
Playlist
Slayer - Raining Blood (Reign In Blood, Def Jam Recordings)
Revocation - Monolithic Ignorance (Great Is Our Sin, Metal Blade)
Gojira - Magma (Magma, Roadrunner)
Rage - The Devil Strikes Again (The Devil Strikes Again, Nuclear Blast)
Hammercult - Steelcrusher (Legends Never Die, Steamhammer)
Nails - They Come Crawling Back (You'll Never Be One Of Us, Nuclear Blast)
Dark Funeral - Where Shadows Forever Reign (Where Shadows Forever Reign, Century Media)
Opeth - April Ethereal (My Arms, Your Hearse, Candlelight Records)
Scorpion Child - Reaper’s Dance (Acid Roulette, Nuclear Blast)