New Cotton Club

Manuel Ribeiro

De richtege Mix fir e beswingte Sonndegnomëtteg: liichten Jazz an all senge Formen, vu groussen Danzorchesteren iwwert schmasseg Big Bands bis bei Stëmmen ewéi Samett. Déi grouss Nimm aus der gëllener Zäit vum New Yorker Cotton Club an hir Nofolger vun haut. Ausgewielt a virgestallt vum Manuel Ribeiro.

Ella Fitzgerald - 20. Doudesdag

D’Ella Fitzgerald war an den Jazzvocals vun hirer Zäit net z’iwwertreffen. Hir stëmmlech Fäegkeete waren exzeptionell, wéi beispillsweis am “You’d be all that i could desire” oder am “To come home and to love”. Hir Facilitéit am Scat ass eng weider Eegenschaft, déi hir melodesch Approche zum Sangen beweist. Selwer seet si, datt si einfach de Blech lauschtert an dat no mécht. D'First Lady of Song, ass de 15. Juni 1990 gestuerwen, also virun 20 Joer. Presentatioun Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen