Radioen

On air

Kultur um 5  |  De Schrëftsteller Guy Helminger ass am Weste vun Argentinien

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Luc Wildanger & Camille Weyrich

Luc Wildanger & Camille Weyrich

Den Toun tëscht der Enseignantsgewerkschaft Feduse-CGFP an der Associatioun vun de Chargéen ACEN huet sech verbessert. An de läschte Wochen hate béid Gewerkschaften iwwert de Wee vu Presse-Communiquéen relativ haart géinteneen argumentéiert. Hannergrond fir d'Tensioune sinn d'Reform vum Proffeconcours, d'Tâche vum Enseignant am Secondaire an d'Situatioun vun de Chargéen. Am Face-à-face um radio 100,7 gouf et awer keng gréisser Divergenzen tëscht dem Camile Weyrich vun der Feduse an dem Luc Willdanger vun der ACEN. Béid soten, datt bei der Unerkennung vun den Diplomer och fir d’Chargée misst de Master gëllen.

D'ACEN fäert, datt d’Regierung an d'CGFP d'Chargéen an eng Bachelorcarrière klasséieren. De Camille Weyrich vun der Feduse ass prinzipiell der Meenung, datt de Masterdiplom och beim Recrutement vu Chargée soll d'Viraussetzung sinn. Kloer wier och, datt d’Chargéen op dee Master hin solle bezuelt ginn an net eng Kategorie drënner.

D’Feduse ënnerstëtzt och d’Revendicatioun vun der ACEN, datt d’Aarbechtskonditioune fir all d’Enseignanten d’selwecht sinn. Dëst ass nach net de Fall, wëll d'Chargéen kee Recht hunn op eng Altersdécharge oder op d'Koeffizienter déi Kompensatiounen a punkto Schoulstonnen erméiglechen, esou de Luc Wildanger.

Duerch d’Reform vun der Fonction publique ginn et och nei Méiglechkeete fir d’Employés de l’état, mat 15 Joer Anciennetéit, Staatsbeamten ze ginn. Wéi d’Konditioune fir Chargés de Coursen ausgesinn, doriwwer géif nach verhandelt ginn, esou de Camille Weyrich.

Et géif kloer een Ënnerscheed ginn tëscht dem Enseignant, deen de Proffeconcours an de Stage gepackt huet an dem Chargé de Cours, seet d'Feduse. Deen Ënnerscheed vergläicht de Camille Weyrich mat der Meeschterprüfung an engem Handwierksbetrib. Duerch de Stage kréien d’Proffen eng Formatioun an der Pädagogik.

Duerch d'Gespréich féiert d'Carole Schimmer.

Episoden

Marianne Donven | © Jo Diseviscourt

Marianne Donven

Aus Protest géint d'Flüchtlingspolitik vun der Regierung, huet d'Marianne Donven, déi sech zënter ville Jore mat Initiative wéi der ASBL en oppent Haus oder de Chiche-Restaurante fir Flüchtlingen asetzt, beim Staat gekënnegt.
headphones

13 min

play_arrow
Marc Angel | © European Union 2024

Marc Angel

Den LSAP-Europadeputéierte reagéiert op d'Untrëttsried vum Donald Trump a kommentéiert déi juristesch Ausenanersetzung iwwer déi europäesch Mindestloundirektiv.
headphones

13 min

play_arrow
Gusty Graas

Gusty Graas

Den DP-Deputéierten a President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun kommentéiert d'Untrëttsried vum Donald Trump an d'Wafferou am Noen Osten.
headphones

13 min

play_arrow
Alex Bodry | © Jo Diseviscourt

Alex Bodry

Den Ex-Minister an -Deputéierten an aktuelle Member vum Staatsrot iwwer säi Buch "“Le Luxembourg, son régime politique et ses institutions”
headphones

13 min

play_arrow
Magali Paulus

Magali Paulus

25 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft hunn sech an enger neier Plattform zesumme gedoen. Wat wëllen se domat areechen?
headphones

9 min

play_arrow
Michèle Bressanutti

Michèle Bressanutti

Zu Lëtzebuerg gi méi dacks Kanner an Heemer placéiert, wéi an aneren europäesche Länner. Firwat ass dat esou? mir froen d'Direktesch vum Service national de l'enfance.
headphones

13 min

play_arrow
Patrick Dury

Patrick Dury

De Premier huet d'Gewerkschaften op eng "Sozialronn" invitéiert. Geet dat duer fir d'Gemidder ze berouegen? Mir froen den LCGB-President.
headphones

15 min

play_arrow
Martine Deprez | © Jo Diseviscourt

Martine Deprez

Kënnt eng Pensiounsreform? Mir froen d'Sozialministesch, ob si sech scho festgeluecht huet.
headphones

11 min

play_arrow
Marc Hans | © Chris Zeien

Marc Hans

Mir froen den neien Direkter vun der Waasserverwaltung, wéi gutt Lëtzebuerg géint Héichwaasser geschützt ass.
headphones

11 min

play_arrow
Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Entdeckt eisen neien 100,7-Doku-Podcast, bei deem Dir mat an d'Recherchen andauche kënnt, fir Iech e Bild ze maache vun deem, wat zu Lëtzebuerg leeft an eis all eppes ugeet.
headphones

3 min

play_arrow
Steve Thull | © Morgane Weidig

Steve Thull

De Chef vum Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Noutwennegkeet vu Resilienz an onsécheren Zäiten.
headphones

15 min

play_arrow
Isabelle Schlesser | © Morgane Weidig

Isabelle Schlesser

Wéi ass d'Situatioun um Aarbechtsmaart a wéi wäert se sech am Laf vun 2025 weider entwéckelen? Dat erkläert d'Directrice vun der ADEM am Gespréich mam Maurice Molitor.
headphones

13 min

play_arrow
Erny Gillen

Erny Gillen

Dee fréiere Caritas-President schafft haut als eethesche Beroder. Mir froen hien, wéi een Impakt seng Berodung huet, a wéi hien d'Caritas-Affär erlieft huet.
headphones

15 min

play_arrow
Nora Back | © Morgane Weidig

Nora Back

Froen un d'Presidentin vum OGBL, déi op en haart Joer 2025 agestallt ass.
headphones

13 min

play_arrow
Sophie Nuber

Sophie Nuber

Wéi schuet de Klimawandel de Weltmierer, a wat fir Konsequenzen huet dat fir eis all? Dat freet d'Christiane Kleer d'Miereswëssenschaftlerin aus Lëtzebuerg, déi op der Universitéit vu Washington fuerscht.
headphones

15 min

play_arrow
Georg Mein | © Chris Zeien

Georg Mein

Den Dekan vun der Fakultéit vun de Geeschteswëssenschafte vun der uni.lu leet och dat neit Institut fir digital Ethik um Belval. Wat gëtt do gefuerscht a wat kënne Politik a Gesellschaft vun de Resultater erwaarden?
headphones

13 min

play_arrow
Claude Besenius | © CHNP

Claude Besenius

Wéi packt een den Dry January, a vu wéini un ass de Konsum vun Alkohol problematesch? Dat froe mir d'Chargée de direction vum Centre thérapeutique vun Useldeng CTU.
headphones

12 min

play_arrow
Romain Schmit | © Jo Diseviscourt

Romain Schmit

Mam Generaldirekter vun der Fédération des artisans schwätzt d'Christiane Kleer iwwer seng Vue op d'Roll vun de Gewerkschaften an d'Bedeitung vun de Kollektivverträg fir d'Handwierk.
headphones

15 min

play_arrow
Gabrielle Antar

Gabrielle Antar

Sinn d'Lëtzebuerger Gesetzer streng genuch, fir Frae viru sexueller Gewalt ze schützen? Déi Fro stelle mir der politescher Direktesch vum nationale Fraerot.
headphones

11 min

play_arrow
Gianni Di Paoli

Gianni Di Paoli

Wat sinn d'Problemer, d'Suergen an d'Revendicatioune vun de Lëtzebuerger Studenten? Froen un den neie President vun der ACEL.
headphones

12 min

play_arrow