Concert Euroradio
Trio Hagner / Müller-Schott / Schuch
Live-Matschnëtt vum 23. Juni 2015 an der Richard Strauss Halle zu Garmisch am Kader vum Richard Strauss Festival, opgeholl vum Bayerischen Rundfunk.
Vum Richard Strauss si virun allem säin Opererepertoire a seng grouss sinfonesch Dichtunge bekannt, manner seng Kammermusek.
Um Programm vun dësem Concert:
Trio Nr. 1 a la majeur;
Cellosonate op.6 a fa majeur
D’Interprete sinn: Viviane Hagner, Gei, Daniel Müller-Schott, Cello, Herbert Schuch, Piano.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.