Concert Euroradio
Richard Strauss - Salomé
Live-Matschnëtt an der Royal Albert Hall vu London am Kader vum Festival Proms den 30. August 2014.
Um Programm steet Salomé an enger Concertsversioun vum Richard Strauss, am Kader vum 150. Anniversaire vum Komponist.
D’Handlung ass bekannt, eng Episod aus der Bibel, zur Zäit vum Herodes, wou d’Salomé vum Narraboth, dem Kapitän vun der Garde, begiert gëtt. De Jochanaan, Johannes der Täufer, de Prophéit, ass gefaange wéinst Diffamatioun géint den Herodes a proklaméiert, datt de Jesus, de Retter vun der Mënschheet, geschwë kéim. D’Salomé ass faszinéiert vum Jochanaan an akzeptéiert, fir den Herodes ze danzen, de faméisen Tanz der 7 Schleier, allerdéngs verlaangt si dofir de Kapp vum Jochanaan, dee si och kritt, wat hir awer zum Verhängnes gëtt a si stierft selwer.
Soliste sinn: Burkhard Ulrich, Nina Stemme, Thomas Blondelle, Doris Soffel, Samuel Youn, Ronnita Miller an Anerer.
Orchester vun der Deutschen Oper Berlin. Direktioun: Donald Runnicles.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.