Humanities Talk

Danièle Wecker

D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbicher.

"Humanities Talk" ass e Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften. An deem Labo ginn et keng Mikroskopen, mä Dictionnairen, Bichertierm a Computermoniteuren, Kameraen an Opnamegeräter. A matzen dra sëtze Leit, déi mat detektiveschem Äifer déi Spuren analyséieren, déi d'Mënschheet hannerléisst.

Eng Kéier am Mount trëfft d'Danièle Wecker um radio 100,7 Leit aus der Welt vun de Humanities, a kënnt mat hinnen an d'Gespréich iwwert hir aktuell Projeten.

Wat steet dann eigentlech dran am Artuso-Rapport?

D'lescht Joer koum den Artuso-Rapport eraus, iwwert d’Roll vun der Verwaltungskommissioun an der Exil-Regierung am Zweete Weltkrich bei der Juddeverfolgung zu Lëtzebuerg. Den Historiker Vincent Artuso huet domat en Optrag vun der Regierung ausgefouert, déi wollt d’Fro klären, wéi sech déi Lëtzebuerger Autoritéite géintiwwer der Juddeverfolgung verhalen hunn. Huet d‘Verwaltungskommissioun wëllentlech doru kollaboréiert oder huet si ënner Zwang verschidde Moossnamen ausgefouert? A wat war d’Roll vun der Exil-Regierung, déi den 10. Mee 1940 geflücht war?
D’Renée Wagener schwätzt mam Vincent Artuso iwwert seng Recherchen a seng Approche: Firwat huet hien zum Beispill och iwwert d’Aarbecht vun der Lëtzebuerger Administratioun an den Drësseger Jore recherchéiert? Opgrond vun de Conclusioune vum Rapport stellt sech d’Fro, wéi sech Lëtzebuerg am europäesche Kontext situéiert, souwuel wat d’geschichtlech Faiten, wéi och, wat den Ëmgang mat der Geschicht ugeet.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen