Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Sam Fender - People Watching (Radio Edit)

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Nei am Mudam

Nei am Mudam

Am Kader vun der lëtzebuerger EU-Présidence hat d’Équipe vum Mudam sech eppes Besonneges afale gelooss: déi géigesäiteg Aflëss vu Konscht an Technik an der Ausstellung “Eppur si muove” gräifbar ze maachen. Dat ass beim Public excellent ukomm: d’Expo hat iwwert 50’000 Visiteuren. Lo ass déi 10. Mudam-Saison mat 5 neien Ausstellungen agelaut ginn.


Déi visuell Kënschtlerin Fiona Tan presentéiert am Sous-Sol “Geography of time”: eng beweegend Billerrees zu der klenger, perséinlecher, Geschicht an der grousser Histoire.


De Moler/ Holzgraveur/ Sculpteur Damien Deroubaix konfrontéiert 40 eege Wierker mat 15 Originaler vum Picasso.


D'Sarah Oppenheimer huet am zentralen Hall transparent Strukturen opgeriicht, déi eis Perceptioun vun der Architektur op d’Kopp geheien


Den Designer Robert Stadler presentéiert eng Kollektioun vu bizarren, skurillen, Objeten ënnert dem Titel “Quiz”’.


D'Beatrice Gibson bréngt an hirer Videoinstallatioun experimentell Musek mat Économie a Pédagogie a Verbindung.


Déi Geschichten, déi déi 5 Kënschtler –Joergäng 1966 bis 1978 aus allen Häre Länner- aktuell am Mudam erzielen, hunn et a sech. D’Kerstin Thalau am Gespréich mam Mudam-Direkter Enrico Lunghi.

Episoden

Ausbléck op d'Lidder beim ESC

Dës Woch geet den ESC zu Basel a seng nächste Ronn. Zesumme mam Sophie Schroeder huet sech de Simon Larosche e puer vun de Lidder ugelauschtert, déi do performt ginn.
headphones

13 min

play_arrow
Optakt Filmfestival vu Cannes | ©  picture alliance / Geisler-Fotopress | Dave Bedrosian

Optakt Filmfestival vu Cannes

Déi 78. Editioun vum Festival de Cannes start haut den Owend. Mir maachen de Point.
headphones

6 min

play_arrow
Der Carine Krecké hire Projet fir Arles 2025

Der Carine Krecké hire Projet fir Arles 2025

Op der Grenz tëschent Documentaire a visueller Konscht
headphones

12 min

play_arrow
Klassik Live: der fliegende Holländer

Klassik Live: der fliegende Holländer

Haut den Owend spillen d´Lëtzebuerger Philharmoniker eng konzertant Versioun vum Richard Wagner sengem Fliegenden Holländer, ënner der Baguette vum Tarmo Peltokoski.
headphones

10 min

play_arrow
Filmkritik: "Hard truths"

Filmkritik: "Hard truths"

De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dem Englänner Mike Leigh seng nei Tragikomedie, déi aktuell am Kino leeft.
headphones

13 min

play_arrow
50 Joer OCL | © © Kaupo Kikkas

50 Joer OCL

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, kuerz OCL feiert seng 50 Joer. Ënnert anerem gëtt dofir de 15. Mee op e Jubilämsconcert an der Philharmonie agelueden.
headphones

12 min

play_arrow
Eng immersiv Klangdecouverte aus, a fir Lëtzebuerg

Eng immersiv Klangdecouverte aus, a fir Lëtzebuerg

“Sonic Investigations” am Lëtzebuerger Pavillon op der Architektur Biennale zu Venedeg
headphones

13 min

play_arrow

Um Radar: ënner der Woch

Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
headphones

7 min

play_arrow
Ausbléck: "Hairy Situation" vun Alok e Sonndeg am Atelier

Ausbléck: "Hairy Situation" vun Alok e Sonndeg am Atelier

No enger schwéierer Kandheet am Texas plädéiert Alok Vaid-Menon mat Poesie a Comedy fir en tolerant Zesummeliewen
headphones

4 min

play_arrow
Vun der Konscht liewen - mee wéi?

Vun der Konscht liewen - mee wéi?

Eng Diskussiounsronn mat der Julie Wagener, der Clio van Aerde, dem Tun Biever an dem Antoine Pohu
headphones

51 min

play_arrow
“Sonic Investigations” zu Venedeg

“Sonic Investigations” zu Venedeg

Optakt vun der 19. Architektur Biennale zu Venedeg
headphones

6 min

play_arrow
Mozart a Reger am Dialog

Mozart a Reger am Dialog

D'Kammerata Luxembourg spillt ee Concert am CAPE zu Ettelbréck, bei deem zwee grouss Komponisten aus verschiddenen Zäiten am Fokus stinn.
headphones

8 min

play_arrow
Le Coup de Majesté | © Eva Zaicik © Victor Toussaint / Vincent Dumestre © Jean-Baptiste Millot

Le Coup de Majesté

De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen.
headphones

12 min

play_arrow
111 Plazen zu Lëtzebuerg, déi ee muss gesinn hunn...

111 Plazen zu Lëtzebuerg, déi ee muss gesinn hunn...

...stellt d'Susanne Jaspers vir an hirem neie Reesguide, deen am Emons-Verlag eraus komm ass.
headphones

22 min

play_arrow
Batty Fischer: méi wéi e Stater bourgeoise Flâneur mat Fotoapparat

Batty Fischer: méi wéi e Stater bourgeoise Flâneur mat Fotoapparat

Vu Stroossefotografien zu héichwäertegen Naturopnamen
headphones

7 min

play_arrow
D'Marcy bereet sech op eng EP-Release vir ...

D'Marcy bereet sech op eng EP-Release vir ...

... an ee Gespréich iwwer déi nei Single "Ida"
headphones

9 min

play_arrow
Anne-Marie Reuter am Gespréich

Anne-Marie Reuter am Gespréich

Mat hirem Roman "M for Amnesia" ass déi engleschsproocheg Schrëftstellerin d'Laureatin vum Servais-Präis 2025.
headphones

8 min

play_arrow
Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag | © Corinne Hennico

Ee musikalescht Freedefeier zum Europadag

Ad Libitum spillt dem Händel seng weltberüümte Freedefeiermusek, nieft Vivaldi, Telemann an och manner bekannte Komponisten aus der Zäit vum Barock.
headphones

9 min

play_arrow
Filmkritik: "Volveréis"

Filmkritik: "Volveréis"

Dës spuenesch Bezéiungs- respektiv Trennungskomedie gouf de leschte Weekend am Grousse Kino beschwat.
headphones

9 min

play_arrow
Op der Bün: "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam"

Op der Bün: "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam"

Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren haut déi dräi Theaterstécker "Prima Facie", "Spring Awakenings" an "It’s a Scam".
headphones

18 min

play_arrow