Concert Euroradio
Direktioun: Stefan Montanari
Il dissoluto punito ossia il Don Giovanni, Don Giovanni oder Der bestrafte Wüstling, ass en dramma giocoso an zwee Akte vum Wolfgang Amadeus Mozart no engem Libretto vum Lorenzo da Ponte.
Eng Rei italienesch Opere mam Don-Juan-Thema ware schonn an de 1780er Jore mat Erfolleg opgefouert ginn. Déi burlesk Zeenen an d‘erausfuerdernd Onmoral vum Don Juan gi mam vollekstümleche Stegreiftheater verbonnen.
E Live-Matschnëtt aus der Arena vu Verona vum 4. Juli 2015 am Kader vum Operefestival, opgeholl vun der RAI.
Carlos Alvarez, Bariton, Don Giovanni;
Rafal Siwek, Bass, Il Commendatore;
Irina Lungu, Sopran, Donna Anna;
Saimir Prigu, Tenor, Don Ottavio;
Maria José Siri, Sopran, Donna Elvira;
Alex Esposito, Bass, Leporello;
Christian Senn, Bariton, Masetto;
Natalia Roman, Sopran, Zerlina;
Chouer an Orchester Arena di Verona.
Direktioun: Stefan Montanari
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.