Invité:e vum Dag
Afa Sundin a Sana Murad
Zu Lëtzebuerg ginn et fënnef dokumentéiert Fäll vu Mënschenhandel. Zwou Fraë goufe sexuell exploitéiert an dräi Männer waren an der Gastronomie Affer vun Zwangsaarbecht. Vill Affer vu Mënschenhandel gesinn sech net als Affer, esou d’Sozialaarbechterinnen Afa Sundin (Fondation "maison de la porte ouverte") a Sana Murad ("Femmes en Détresse") am Gespréich mam Mick Entringer. Deemno kéint et nach vill méi Affer hei am Land ginn.
Et géing Mënsche ginn, déi mengen et wier normal 13-14 Stonnen den Dag ze schaffen a net genuch bezuelt ze ginn, esou d'Sana Murad. "Vill Leit ginn aus [zum Beispill] Asien heihinner bruecht, déi schonn dohannen keng gereegelt Aarbechtssituatioun hunn." Wann Affer dann bis gemierkt hätten, datt eppes net stëmmt, géingen se sech och dacks net trauen bei d'Police ze goen.