Invité:e vum Dag
Gerry Wagner
Wann eng méi héich Besteierung vun den Déngschtween agefouert gëtt, kann dat zu Lëtzebuerg zu engem Verloscht vum Ëmsaz an der Economie féiere vu bis zu 400 Milliounen Euro, seet de Gerry Wagner. Dem President vun der Federatioun vun den Autosverlouner a Leasingsgesellschaften no, sinn zu Lëtzebuerg 90.000 Betribsautoen am Fuerpark.
Déi meescht dovu sinn Dieselen. Fir op Benziner oder Elektroautoen ëm ze klammen, kéinten sech dem Gerry Wagner no d’Sociétéiten net leeschten, esou de Gerry Wagner. De Leasingssecteur géing awer zu engem méi ëmweltfrëndleche Fuerpark bäidroen. Betriibsautoen géingen nämlech duebel esou séier erneiert gi wéi Privatween, woumadder méi modern an ëmweltfrëndlech Autoen op d’Strooss kommen.
Datt gläichzäiteg bei der Produktioun vun neien Autoen och CO2 entsteet, huet de President vun der Federatioun vun den Autosverlouner a Leasingsgesellschaften net ervirgehuewen.
Et wär net méi esou, datt d’Betribsautoe majoritär “déck” Autoe wären, seet de Gerry Wagner. Den Duerchschnëttsinvestissement an e Betribswohn léich bei 23.000 Euro, dat wär de Wäert vun engem Mëttelklassauto.
D’Ëmweltministerin Carole Dieschbourg sot, et géing bei der geplangtener Steierreform iwwert eng méi héich Besteierung vun den Déngschtween nogeduecht ginn.