Invité:e vum Dag
Gilles Dostert
Viru ronn zéng Joer ass de Verkéiersverbond gegrënnt ginn. Zanterhier wier a Saache Mobilitéit vill geschitt, seet de laangjäregen Direkter Gilles Dostert. D'Demande fir mat Zuch a Bus ze fuere géif erop goen, d'Offer och. Trotzdem ass nach onkloer ob d'Regierungszil, datt bis 2020 ee Véirel vun allen Deplacementer iwwert den ëffentleche Verkéier leeft, erreecht gëtt. Kloer ass fir de Gilles Dostert: Den Auto soll ëmmer manner Deel vun der Léisung sinn.
Den Interview vum Christiane Kleer mam Gilles Dostert: