Concert Euroradio
Jacques Offenbach: Hoffmanns Erzählungen
Um Programm Hoffmanns Erzählungen vum Jacques Offenbach, e Live-Matschnëtt aus dem Teatro Real Madrid vum 12. Juni 2015, opgeholl vum spuenesche Radio.
Les contes d’Hoffmann oder Hoffmanns Erzählungen ass eng sougenannte phantastesch Oper a 5 Akte vum Offenbach, no engem Livret vum Jules Barbier a Michel Carré, dat op dem Liewe vum Ernst Theodor Amadeus Hoffmann baséiert. Den Ernst Hoffmann war e Schrëftsteller a Komponist aus der Romantik. Hie war och Moler a war esou onofhängeg, datt hien d’Satir ganz no sengem Goût ausübe konnt.
Interpreten:
Eric Cutler, Anne Sofie von Otter, Vito Priante, Christoph Homberger, Ana Durlovski, Measha Brueggergosman, Altea Garrido, Lani Poulson, Jean-Philippe Lafont, Gerardo Lopez, Graham Valentine, Tomeu Bibiloni, Isaac Galán.
Teatro Real Orchestra. Direktioun: Sylvain Cambreling.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.