Radioen

On air

Moiesstudio  |  Leo Wagener

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

100komma7.lu / Panorama

/ Panorama-Spezial no den Terrorattentater a Frankräich

Panorama-Spezial no den Terrorattentater a Frankräich

D’Terror-Organisatioun “Islamesche Staat” kënnegt Frankräich weider Terror-Attacken un. Ob den IS-Message um Internet echt ass, konnt nach net onofhängeg iwwerpréift ginn. Bei den zäitgläichen Attacke vu gëschter sinn op d’mannst 127 Mënschen zu Paräis ëm d’Liewe komm. 250 weider Mënsche goufe blesséiert: verschiddener vun hinne schwéier.


D’Attacke gëschter Owend goufe vun op d’mannst 11 Täter gemaach. Si hu quasi gläichzäiteg op verschiddene Platzen zougeschlo. D’Täter hu mat Maschinnegewierer op Leit geschoss a si hu Bomme gezündt. 8 vun den Attentäter sinn dout. Net gewosst ass, ob weider Attentäter oder Komplizen op der Flucht sinn.


Déi franséisch Regierung huet den “Ausnamezoustand” deklaréiert. De franséische President François Hollande huet de Moien d’Terror-Miliz “Islamesche Staat” fir d’Attentat-Serie responsabel gemaach. De François Hollande huet vun engem “Krichs-Akt” geschwat. Wann d’Attentater zu Paräis wierklech op de Kont vum IS ginn, da wier et déi éischt coordinéiert Attack vun der Terror-Miliz an der westlecher Welt.


De syresche President huet de Weste fir den Terrorismus responsabel gemaach. D’Terror-Attacke vu gëschter zu Paräis an d’Expansioun vum Terrorismus wiere mat deem verbonnen, wat zënter fënnef Joer a Syrien geschitt, esou de Baschar Al-Assad haut bei enger Entrevue mat franséische Politiker zu Damaskus.


Zu Lëtzebuerg huet um 16 Auer een ausser-uerdentleche Regierungsrot u wéinst der Attentat-Serie vu Paräis. Fir duerno ass eng Declaratioun vum Regierungschef virgesinn. De Verdeedegungs-Minister a Minister fir Banne-Sécherheet Etienne Schneider, deen de Moment zu Washington ass, ass per Telefon am Regierungsrot bäi geschalt.

Episoden

Moiespanorama

Nom Doud vum Poopst: Kardineel fänken haut mat der Organisatioun fir Trauerfeier un / An alle Primärschoulen: Vun haut u gëlt Handyverbuet / Wladimir Putin weist sech oppe fir bil
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

De Poopst François ass dout. Gëschter war hien nach op der Péitersplaz / An Zäit vun 20 Deeg soll d'Konklav zesummekommen, fir en neie Poopst ze wielen
headphones

15 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ouschtermass zu Roum ouni de Poopst François / Wafferou am Ukrainkrich hält net / Déifferdeng 03 ass virzäiteg Lëtzebuerger Fussballchampion
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

Ouschtermarsch an der Stad: 400 Leit op der Strooss / Ukrainkrich: Waffepaus fir 30 Stonnen / USA: Protester géint Regierung Donald Trump
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorma

Demonstratioun no Geriichtsurteel zu London / Wladimir Putin verkënnegt Waffepaus / Ouschtermarsch zu Lëtzebuerg
headphones

8 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ouschtermarsch an der Stad / Donald Trump verléiert d'Gedold am Ukrainkrich / USA: Supreme Court stoppt Ausweisung vu Venezuelaner
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanoram

Donald Trump verléiert d'Gedold am Ukrainkrich / Bei eis fält manner Sperrmüll un / EM vun der Turnakrobatik an der Coque
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanoram

Donald Trump verléiert d'Gedold am Ukrainkrich / Bei eis fält manner Sperrmüll un / EM vun der Turnakrobatik an der Coque
headphones

8 min

play_arrow

Owespanorama

8 ONGe gi juristesch géint d'EU vir a reprochéiere labberen Ëmgank mat Nohaltegkeetsgesetzer / JD Vance weist sech mat der Giogia Meloni optimistesch iwwer Enn vum Ukrainkrich / C
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Manner lëtzebuerger reesen an d'USA / Nei israeelesch Attack op de Gaza / Protestaktioun wéinst Liberty Steel
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Médecins du monde: "WAK muss reforméiert ginn" / Uni Lëtzebuerg: "Situatioun vun den US-Unien ass beonrouegend!"/ E. Macron: "Ukrain-Gespréicher ware positiv"
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Médecins du monde: "WAK muss reforméiert ginn" / Uni Lëtzebuerg: "Situatioun vun den US-Unien ass beonrouegend!"/ E. Macron: "Ukrain-Gespréicher ware positiv"
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Kritik vu Médecins du Monde un der Wanteraktioun / Goodyear riskéiert Prozess wéinst déidlechen Accidenter / EZB setzt Leetzënsen op 2,25 % erof
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ukraingespréicher zu Paräis / Schnéichaos an den Alpen / EZB-Zënsdecisioun haut zu Frankfurt
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

US-Ambassade: keng Fermeture geplangt / Harvard: keng auslännesch Studente méi? / Champions League: Out fir Real Madrid a Bayern München an der Véierelsfinall
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

US-Ambassade: keng Fermeture geplangt / Harvard: keng auslännesch Studente méi? / Champions League: Out fir Real Madrid a Bayern München an der Véierelsfinall
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

EU: Propos fir eng Lëscht mat sougenannte sécheren Hierkonftslänner“ / CCDH Bedenken a punkto Platzverweis / Groussbritannien: Supreme Court huet Definitioun vu Fra decidéiert
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Statec: 300 Faillitten am éischten Trimester / CCDH fuerdert Ännerungen am Text iwwer Platzverweis / WHO eens iwwer Pandemie-Plang
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

WHO: Gréng Luucht fir Pandemie-Accord / Joe Biden: Ex-US-President kritiséiert Donald Trump / Fussball Champions League: PSG a Barcelona an den Halleffinallen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

WHO: Gréng Luucht fir Pandemie-Accord / Joe Biden: Ex-US-President kritiséiert Donald Trump / Fussball Champions League: PSG a Barcelona an den Halleffinallen
headphones

10 min

play_arrow