Radioen

On air

Moiesstudio  |  Leo Wagener

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

100komma7.lu / Panorama

/ Panorama-Spezial no den Terrorattentater zu Paräis

Panorama-Spezial no den Terrorattentater zu Paräis

Frankräich ass am "Etat d'Urgence" no der Attentatsserie zu Paräis mat op d'mannst 127 Doudesaffer. An enger Declaratioun de Moien géint 11 Auer huet de franséische President François Hollande vun engem "acte de guerre" geschwat an dräi Deeg Staatstrauer annoncéiert.


De Jean Asselborn huet nach dës Woch mam franséische President iwwert de Risiko vun Attacken a Frankräich geschwat. De Lëtzebuerger Ausseminister mécht een Appel fir Solidaritéit mat Frankräich. Zur Declaratioun vum François Hollande, datt et sech ëm ee Krichs-Akt handelt, seet de Jean Asselborn: "Ech mengen, dass hien domadder Recht huet. Ech géif just soen, dass mir an der Virgoensweis - an ech mengen do ass och Frankräich dobäi - net déi nämmlecht Fehler dierfe maache wéi 2003 an de Krich géint den Terror declenchéieren an iergendee Land attackéieren. Dat wäert och net geschéien, do sinn ech mir sécher." D'Konflikter am Mëttleren Oste vun haut hätten hiren Ursprong am Krich vun 2003 am Irak.


De Premier Xavier Bettel huet fir de Mëtteg um véier Auer een aussergewéinleche Regierungsrot aberuff. Schonn de Moie sinn hei am Land d’Spezialisten zesummen, déi sech ëm d’Sécherheet vum Land këmmeren, esou de Regierungschef. D'Experte sollen d’Situatioun analyséieren. D’Attentater si mat de schlëmmste Wieder ze veruerteelen, huet de Xavier Bettel betount. Et misst een elo zesummenhale fir esou Akten an d'Terroristen ze bekämpfen, mat alle Mëttel déi zur Verfügung stinn. Déi franséisch an déi europäesch Grondwäerter misste verdeedegt ginn.


Eise Panorama-Spezial mat weidere Reaktiounen an Aschätzungen:

Episoden

Moiespanorama

Nom Doud vum Poopst: Kardineel fänken haut mat der Organisatioun fir Trauerfeier un / An alle Primärschoulen: Vun haut u gëlt Handyverbuet / Wladimir Putin weist sech oppe fir bil
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

De Poopst François ass dout. Gëschter war hien nach op der Péitersplaz / An Zäit vun 20 Deeg soll d'Konklav zesummekommen, fir en neie Poopst ze wielen
headphones

15 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ouschtermass zu Roum ouni de Poopst François / Wafferou am Ukrainkrich hält net / Déifferdeng 03 ass virzäiteg Lëtzebuerger Fussballchampion
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

Ouschtermarsch an der Stad: 400 Leit op der Strooss / Ukrainkrich: Waffepaus fir 30 Stonnen / USA: Protester géint Regierung Donald Trump
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorma

Demonstratioun no Geriichtsurteel zu London / Wladimir Putin verkënnegt Waffepaus / Ouschtermarsch zu Lëtzebuerg
headphones

8 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ouschtermarsch an der Stad / Donald Trump verléiert d'Gedold am Ukrainkrich / USA: Supreme Court stoppt Ausweisung vu Venezuelaner
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanoram

Donald Trump verléiert d'Gedold am Ukrainkrich / Bei eis fält manner Sperrmüll un / EM vun der Turnakrobatik an der Coque
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanoram

Donald Trump verléiert d'Gedold am Ukrainkrich / Bei eis fält manner Sperrmüll un / EM vun der Turnakrobatik an der Coque
headphones

8 min

play_arrow

Owespanorama

8 ONGe gi juristesch géint d'EU vir a reprochéiere labberen Ëmgank mat Nohaltegkeetsgesetzer / JD Vance weist sech mat der Giogia Meloni optimistesch iwwer Enn vum Ukrainkrich / C
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Manner lëtzebuerger reesen an d'USA / Nei israeelesch Attack op de Gaza / Protestaktioun wéinst Liberty Steel
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Médecins du monde: "WAK muss reforméiert ginn" / Uni Lëtzebuerg: "Situatioun vun den US-Unien ass beonrouegend!"/ E. Macron: "Ukrain-Gespréicher ware positiv"
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Médecins du monde: "WAK muss reforméiert ginn" / Uni Lëtzebuerg: "Situatioun vun den US-Unien ass beonrouegend!"/ E. Macron: "Ukrain-Gespréicher ware positiv"
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Kritik vu Médecins du Monde un der Wanteraktioun / Goodyear riskéiert Prozess wéinst déidlechen Accidenter / EZB setzt Leetzënsen op 2,25 % erof
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ukraingespréicher zu Paräis / Schnéichaos an den Alpen / EZB-Zënsdecisioun haut zu Frankfurt
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

US-Ambassade: keng Fermeture geplangt / Harvard: keng auslännesch Studente méi? / Champions League: Out fir Real Madrid a Bayern München an der Véierelsfinall
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

US-Ambassade: keng Fermeture geplangt / Harvard: keng auslännesch Studente méi? / Champions League: Out fir Real Madrid a Bayern München an der Véierelsfinall
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

EU: Propos fir eng Lëscht mat sougenannte sécheren Hierkonftslänner“ / CCDH Bedenken a punkto Platzverweis / Groussbritannien: Supreme Court huet Definitioun vu Fra decidéiert
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Statec: 300 Faillitten am éischten Trimester / CCDH fuerdert Ännerungen am Text iwwer Platzverweis / WHO eens iwwer Pandemie-Plang
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

WHO: Gréng Luucht fir Pandemie-Accord / Joe Biden: Ex-US-President kritiséiert Donald Trump / Fussball Champions League: PSG a Barcelona an den Halleffinallen
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

WHO: Gréng Luucht fir Pandemie-Accord / Joe Biden: Ex-US-President kritiséiert Donald Trump / Fussball Champions League: PSG a Barcelona an den Halleffinallen
headphones

10 min

play_arrow