Concert Euroradio
Oper: Armida
Armida live vum Rossini Opera Festival
De Manuel Ribeiro proposéiert e Live-Matschnëtt vun der Oper Armida vum Rossini Opera Festival den 10. August 2014 an der Adriatic Arena Pesaro mam Orchestra e Coro del Teatro Comunale di Bologna, opgeholl vum italienesche Radio RAI.
D’Handlung vum Rossini sengem Armida nom Libretto vum Giovanni Frederico Schmidt baséiert op der Handlung vum Tarquato Tasso sengem Wierk La Jérusalem Délivrée.
D’Interprete sinn: Randall Bills; Antonino Siragusa; Carlo Lepore; Carmen Romeu; Dimitry Korchak; Vassilis Kavayas.