arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

Lydia Mutsch

D’Regierung denkt driwwer no fir e Militärspidol hei am Land opzemaachen. An esou enger Struktur kéinten nieft Zaldoten och Réfugiéë behandelt ginn, esou d’Gesondheetsministesch am 100,7-Interview. De Projet fir e Militär-Spidol stécht nach an der Ufanks-Phas. Et géif awer elo gepréift ginn, ob et méiglech ass, e Militär-Departement an aner Spideeler déi et scho gëtt, z’integréieren. Zum Beispill kéint den Zenter fir héich-ustiechend Krankheeten am CHL op déi Manéier ausgebaut ginn, esou d’Lydia Mutsch.



Flüchtlingen, déi hei am Land ukommen, kréien automatesch e Rendez-vous fir e Gesondheetscheck. Am Moment géingen eng 20 Flüchtlingen pro Dag ënnersicht ginn, esou d’Lydia Mutsch. Eng hallef Dose Leit këmmeren sech am Moment ëm déi medizinesch Betreiung vun de Flüchtlingen – dorënner Dokteren, Psychologen an Infirmieren. Bei de jonken Flüchtlingen gëtt virun allem psychologesch Betreiung gebraucht: 40 Prozent vun de Kanner a Jugendlechen déi ukommen, hätten nämlech traumatesch Erliefnisser hannert sech, zum Beispill duerch den Doud vu Famillje-Memberen.


Episoden

Romain Wolff | © 100,7

Romain Wolff

De President vun der CGFP iwwer d'Erwaardunge vun der Staatsbeamtegewerkschaft un déi ugekënnegt Tripartite.
headphones

12 min

play_arrow
Gilles Roth | © Jo Diseviscourt

Gilles Roth

Mat wéi vill finanziellem Spillraum geet d'Regierung an d'Tripartite? Froen un den CSV-Finanzminister
headphones

14 min

play_arrow
Carole Hartmann | © Jo Diseviscourt

Carole Hartmann

E Gespréich mat der DP-Presidentin (iwwer d'Noutwennegkeet vun enger Tripartite) an Iechternacher Buergermeeschtesch (iwwer de Projet Shopping Outlet)
headphones

14 min

play_arrow
Marc Serres | © Jo Diseviscourt

Marc Serres

De CEO vun der Luxembourg Space Agency erkläert, wat d'Decisioun vun der Bezos-Firma Blue Origin heihin ze komme fir de Weltraum-Standuert Lëtzebuerg bedeit.
headphones

13 min

play_arrow
Ginette Jones | © Jo Diseviscourt

Ginette Jones

D'Presidentin vun der Entente des offices sociaux iwwer d'Fro, awéiwäit déi aktuell Hausse vun den Energiepräisser d'Problemer vu Leit mat klengem Akommes nach verschäerft.
headphones

14 min

play_arrow
Vincent Hein | © Jo Diseviscourt

Vincent Hein

Den Direkter vun der Fondatioun IDEA erkläert, firwat d'Denkfabrik vun der Chambre de Commerce net onbedéngt optimistesch an d'Lëtzebuerger Zukunft kuckt.
headphones

14 min

play_arrow
Elisabeth Margue | © Jo Diseviscourt

Elisabeth Margue

D'CSV-Justizministesch erwaart fir den August hiert zweet Kand. Mee kann e Regierungsmember Congé de maternité oder Congé parental huelen?
headphones

14 min

play_arrow
Kevin Goergen | © Jo Diseviscourt

Kevin Goergen

Dee jonken Historiker huet mat senger Dokterthees d'Geschicht vun der kolonialer Vergaangenheet vun eisem Land mat neien Erkenntnisser beräichert.
headphones

12 min

play_arrow
Anne-Marie Hanff | © Jo Diseviscourt

Anne-Marie Hanff

D'Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren ANIL kritiséiert de Gesetzesprojet fir d'Reform vum Beruffsstand: Vu Moderniséierung kéint keng Ried sinn.
headphones

11 min

play_arrow
Péter Techet | © Institut für den Donauraum und Mitteleuropa

Péter Techet

De Peter Magyar gëtt neien ungaresche Premier. Wat ass vun him ze erwaarde fir Ungarn a fir d'EU? Eng Analys vum Jurist an Historiker vum Institut fir den Donauraum a Mëtteleuropa
headphones

16 min

play_arrow
René Winkin | © Ana Angel

René Winkin

Wéi staark leiden d'Betriber ënner den héijen Energiekäschten? A wéi eng Fuerderungen huet d'Industrie un d'Regierung? Déi Froe stelle mir dem Direkter vun der FEDIL.
headphones

14 min

play_arrow
Michel Erpelding

Michel Erpelding

Lëtzebuerg an d'EU hu sech beim Vott iwwer eng UN-Resolutioun enthalen, déi den transatlantesche Sklavenhandel als schwéierst Verbrieche géint d'Mënschlechkeet bezeechent. Firwat?
headphones

15 min

play_arrow
Marion Dubois | © Jo Diseviscourt

Marion Dubois

Mir froen d'Direktesch vun der ASBL Passerell, firwat si déi nei Asylprozeduren, déi d'Regierung wëllt aféieren, ganz kritesch gesäit.
headphones

9 min

play_arrow
Simone Asselborn-Bintz a Myriam Cecchetti | © Jo Diseviscourt

Simone Asselborn-Bintz a Myriam Cecchetti

Wéi vill Rechenschaft ass e Schäfferot senge Bierger:inne schëlleg? Doriwwer diskutéiere mir mat der Suessemer LSAP-Buergermeeschtesch an der Oppositiounsconseillère vun déi Lénk.
headphones

17 min

play_arrow
Francine Closener

Francine Closener

Zënter engem Joer brauch ee méi Ënnerschrëften, fir mat enger Petitioun en Debat an der Chamber ze kréien. Ginn et der dofir elo manner? Froen un d'Presidentin vun der Kommissioun.
headphones

15 min

play_arrow
Joëlle Damé | © Jo Diseviscourt

Joëlle Damé

D'Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL begréisst dem Educatiounsminister Claude Meisch (DP) seng Positioun zur Inklusioun an der Schoul. Firwat?
headphones

12 min

play_arrow
Loïc Hoscheit | © Jo Diseviscourt

Loïc Hoscheit

D'Agence Luxembourgeoise pour l'intégrité dans le sport fänkt haut offiziell mat hirer Aarbecht un. Mir froen den ALIS-Direkter wéi eng Aufgaben elo op hien duerkommen.
headphones

12 min

play_arrow
Laurent Peusch | © Jo Diseviscourt

Laurent Peusch

Trotz Chômage ginn et laut ADEM eng 20 Beruffer, an deenen d'Patrone quasi kee Personal fannen. Mir schwätze mam Chef vum Service Employeurs bei der ADEM doriwwer.
headphones

11 min

play_arrow
Olivier Cano | © Jo Diseviscourt

Olivier Cano

Mir froen de neie Co-President vun de Jonke Sozialisten, ob an der LSAP genuch op déi Jonk gelauschtert gëtt.
headphones

13 min

play_arrow
Simone Flammang (Procureur général d’Etat adjoint) | © Radio 100,7

Simone Flammang (Procureur général d’Etat adjoint)

Mir froen d'Procureur général d’Etat adjoint, wéi d'Jugendkriminalitéit ka bekämpft ginn, ouni datt permanent Mineuren am Erwuesseneprisong zu Schraasseg landen.
headphones

11 min

play_arrow