Fräie Mikro

radio 100,7

All Dënschdeg an Donneschdeg kommentéieren verschidden Acteuren aus der Zivilgesellschaft d'Aktualitéit. D'Meenungen déi hei expriméiert ginn, engagéieren nëmmen hir Auteuren. De radio 100.7 huet awer als Editeur d'editorial Responsabilitéit vun dëse Bäiträg.

(©Gudrun Bechet)

De Konflikt am Noen Osten net vergiessen

Wéinst de rezente Gewalttätegkeeten an dem Doud vun dräi jonken Israeli ass den Noen Osten nees op der Dagesuerdnung vun de Medien. Duerch d’Kricher am Irak a Syrien hate mer bal vergiess, datt de Konflikt tëscht Palästina an Israel nach ëmmer net geléist ass.

E Palästinenser, deen haut 60 Joer al ass, huet säi Liewe laang weider näischt erlieft ewéi Krich. Kann een sech dat virstellen? Déi Leit sëtzen an engem Provisorium, deen e Liewen dauert. Si hu kee Land, keen unerkannte Staat, keng Identitéit, keng Perspektiven. Kierzlech koum et erëm zu schlëmmen Eskalatioune wou jonk Palästinenser jüdesch Bierger mat Messeren iwwerfal an doud gemaach hunn. Skandaliséiert Medien diskutéieren ob et sech dann elo em eng drëtt Intifada handelt oder net. Mee déi eenzeg richteg Fro, déi net gestallt gëtt, ass: Kann d’Situatioun am Noen Osten, wou et keng Léisung fir de Konflikt gëtt, wou et net emol Hoffnung op eng Léisung gëtt, zu eppes aneschtes féiere wéi zu Gewalt.

Kee Vollek kann akzeptéiere keng Zukunft ze hunn. Datt déi jonk Generatioun sech radikaliséiert a Steng géint Messeren austauscht, kann eigentlech kee wonneren. Och d’israelesch Arméi huet hier Waffen der Zäit an de Mentalitéiten ugepasst. Kann een sech virstelle wat am Kapp vun engem jonke Palästinenser, deen zu Hebron oder Naplous opgewuess ass, virgeet? Kann hien nach dreemen oder mécht en just nach Cauchemaren?

De Fräie Mikro vum Danielle Igniti.

Rezent Emissiounen

  • Wann d'Relioun de Rechtsstaat a Fro stellt

    Wa reliéis Reegele sollen iwwert de Gesetzer stoen ass de Rechtsstaat a Gefor. Zwee rezent Uerteeler hunn dem elo kloer Grenze gesat.

  • Hunn Refugiéë Mënscherechter?

    D'Danielle Igniti beschäftegt sech mam Problem vun de Refugiéen, déi géint hire Wëllen an hir d'Land zeréckgeschéckt ginn.

  • Schwätzen oder Denken

    Doriwwer denkt den Thierry Simonelli a sengem Fräie Mikro no.

  • Spaltung an Intoleranz

    An der weltwäiter Politik gëtt et zanter geraumer Zäit e Klimawiessel. D'Temperatur am politeschen Alldagsgeschäft geet stänneg an d'Luucht.

  • Mam Klima ännert och eis Welt

    Ob räich oder aarm, an egal wou op der Welt, all Mënschen deelen eppes: si erliewen eng dramatesch Ännerung vun de Wieder- a Klimaconditiounen.

  • 2019 - e Jubeljoer!

    Virun 100 Joer huet sech esou Munches hei zu Lëtzebuerg gedoen. 2019 sti gläich zwee Jubiläen un, déi ze gedenken an ze feieren et sech lount.

  • Dee revolutionäre Message vu Chrëschtdag

    D'Kand an der Krëpp ass dat staarkt Bild, wéi d'Chrëschte vu Gott denken. Do dierf keng Plaz si fir Muechtdenken, weder an der Kierch nach an der Politik.

  • Déi nächst Polemik kënnt bestëmmt

    Am Virfeld vun der Adoptioun vum Internationale Pakt iwwer Migratioun gouf et vill Polemik.

  • Brauche mir nei Mënscherechter?

    Den 10. Dezember sinn op der ganzer Welt 70 Joer universell Deklaratioun vun de Mënscherechter gefeiert ginn.

  • De globale Migratiouns-Pakt

    E Virwand fir Verbreede vu Friemenhaass

  • De Weltbildungsbericht 2019: Brécke bauen amplaz Maueren

    Duerch d'Flüchtlingen an d'Migranten, déi aus anere Kulturen bei eis kommen, musse mir eis Bildungsoffer änneren, wa mir wëllen eng inklusiv Gesellschaft schafen.

  • Weshalb gibt es den Verein MemoShoah in Luxemburg?

    Vor kurzem kam zu einem bewegenden Wiedersehen. Drei Luxemburger trafen sich, die 1940 gemeinsam in einem Zug nach Portugal fliehen mussten.

  • Archivgesetz

    Zanter dem 1.9.2018 gëllt hei zu Lëtzebuerg en Archivgesetz. En historesche Schrëtt a Richtung méi Demokratie a méi Transparenz. Déi praktesch Ëmsetzung wërft awer och nei Froen op.

  • Firwat entsprécht d'Dräierkoalitioun dem Wielerwëllen?

    D'Verloschter vun der CSV leien am Laangzäittrend vun der gesellschaftlecher Entwécklung an d'Dräierkoalitioun ass d'Resultat vun eisem Wahlsystem.

  • D'Politik muss sech nei erfannen

    De grousse Verléierer vun de Parlamentswahlen am Oktober waren d'Sondagen.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen